Neisten Test vu Starship-Rakéit gegléckt

© GABRIEL V. CARDENAS / AFP
Wéi geplangt ass d'Raumschëff ronn eng Stonn nom Depart am Indeschen Ozean gelant. Eng iwwerschaffte Versioun vun der Rakéit wäert als nächst getest ginn.
Den eeleften Testvol vun der riseger Starship-Rakéit vun der Raumfaart-Entreprise SpaceX ass erfollegräich verlaf. Wéi geplangt ass d'Raumschëff gutt eng Stonn nom Depart am Indeschen Ozean gelant. No enger Rei mëssgléckten Tester ugangs des Joers versicht SpaceX, d'Zweiwel z'entkräften, dass Problemer an hirem Entwécklungsprogramm zu Verspéidunge bei der geplangter Moundmissioun vun der NASA féiere kéinten.
Erfollegräichen Test
D'Rakéit war am fréie Méindeg Owend am US-Bundesstaat Texas op der Base vu SpaceX gestart. Nom Depart hu sech, wéi geplangt, déi zwee Haaptelementer Super Heavy a Starship getrennt. Béid Deeler sinn erfollegräich Tester a Manöveren duerchgeféiert ginn, éiert se ënnert dem Applaus vun den Ingenieuren am Waasser néiergaange sinn.
Starship, an deem bei echte Missiounen d'Astronauten an d'Chargen transportéiert ginn, ass duerch de Weltall geflunn an huet dobäi Attrappe vu Satellitten ausgesat. Nach emol verwennt wäert se net ginn, dowéinst ass d'Rakéit déi Kéier net gebuerge ginn. An der Praxis soll déi 123 Meter héich Starship awer komplett reutilisabel an doduerch méi käschtegënschteg si wéi aner Rakéitesystemer. SpaceX huet domat elo zwee erfollegräich Tester duerchgeféiert, nodeems et ugangs des Joers zu dräi Explosioune komm war.
Nei Course ëm eng Moundlandung
D'NASA wëllt mam Elon Musk senger Hëllef erëm op de Mound fléien. Den Tech-Milliardär dreemt iwwerdeems vu Reese bis op de Mars. Dësen Testvol war viraussiichtlech dee leschte fir den aktuelle Modell vun der Rakéit. Deen nächste Vol soll laut SpaceX mam neie Modell 3 an Ugrëff geholl ginn.
Déi éischte bemannte Moundlandung zanter dem 11. Dezember 1972 soll, Stand elo, Mëtt 2027 mat der Missioun Artemis III geschéien. Sécherheetsberoder vun der NASA fäerten awer, dass deen Zäitplang Retard géif kréien, "sollt sech net dréngend eppes änneren". Parallel zu den USA plangt och China, fir spéitstens 2030 Mënschen op de Mound ze bréngen. Den Interimschef vun der NASA Sean Duffy ass awer der Meenung, dass si och dës zweet "Weltraumcourse" gewanne géifen. Schliisslech wieren d'Amerikaner an der Vergaangenheet Leader gewiescht am Weltall, a wieren et och elo nach ëmmer.