Den Educatiounsministère stellt de KI-Kompass vir
De Ministère huet e strategesche Kader fir de KI-Asaz ausgeschafft. Dëse soll de Schüler eng wäertvoll a nëtzlech Orientatioun bidden.
Kënschtlech Intelligenz ass mëttlerweil e feste Bestanddeel vun eiser Gesellschaft. Kanner wuessen an enger digitaler Welt op. Dofir ass et wichteg, dass si verstinn, wat KI vu Chancë mat sech bréngt, an anerersäits awer och, wat d’Erausfuerderungen a Gefore sinn.
Den Educatiounsministère gesäit sech hei mat an der Verantwortung, an huet an deem Kontext e strategesche Kader fir den Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz an der Schoul ausgeschafft. De "KI-Kompass" soll eng wäertvoll Orientatioun bidden, fir ze weisen, wéi KI d’Schoul verbessere kann.
Wa Schüler awer ze fréi an onkontrolléiert mat KI a Kontakt kommen, riskéiert een zu enger kognitiver Veraarmung vun der nächster Generatioun bäizedroen, fäert den Educatiounsminister. De Claude Meisch erkläert, datt de KI-Kompass dofir um Prinzip berout, datt de Mënsch virun der KI steet. An datt fir d’éischt mol am Fondamental déi grondleeënd mënschlech Kompetenze mussen entwéckelt ginn.
"Am Fondamental ass et wichteg e generellt Verständnis fir Algorithmen ze kréien, fir de Fonctionnement vun der digitaler Welt ze kréien. Mee awer eigentlech ganz analog, ouni Bildschierm, an, ouni Ecran, näischt. An dono hu mer glécklecherweis dat Fach Digital Sciences jo haut schon um Programm, wou KI schonn e grousse Sujet ass an natierlech och wäert lafend ausgebaut ginn. Déi Entwécklung, déi KI momentan matmécht, muss do permanent rëm zu Upassunge féieren an do léieren ech eigentlech, wat ass KI, an awer och wéi kann ech et uwenden. An dann dono an den ieweschte Klasse am Lycée, do kënnt et dann drop u fir wierklech och ze léieren domadder ze schaffen."

© Lynn Cruchten - rtl.lu
"De Ministère huet och eng Onlineplattform entwéckelt. Den Internetsite www.ki-kompass.lu ass vun haut un accessibel. Dee soll Schouldirektiounen, Léierpersonal an an enger zweeter Phas och Schüler beim adequaten Asaz vun der Kënschtlecher Intelligenz begleeden. D’Daniela Hau vum Script erkläert:
"Op der Homepage fanne mer souwuel Informatiounen zum Sondage an zu der Strategie. Mir fannen awer och ganz vill Formatiounsoffere fir Enseignanten a Schouldirektiounen. Mir fannen awer grad esou gutt och d’KI-Instrumenter, déi mer zur Verfügung stellen, Praxismaterial a Virschléi fir Enseignanten, déi direkt am Cours mat de Schüler kënne benotzt ginn. A mir fannen um Site och, wat immens wichteg ass, Méiglechkeete fir Feedback ze ginn a sech auszetauschen."
De richtegen Ëmgang mat KI kann Enseignante bei der Virbereedung vun de Coursen ënnerstëtzen. An dat gëtt hinne méi Zäit fir sech direkt de Schüler kënnen ze widmen. Bis am Januar 2026 soll d’Strategie vum KI-Kompass mat de Schoulpartner zesummen diskutéiert an adaptéiert ginn.