Fir op d'Geforen opmierksam ze maachen, huet d'ALIA eng Sensibiliséierungscampagne gestart.

E Bëbee, dee quasi vun engem Bier gefriess gëtt, en Hond dee schwätzt oder e Politiker, dee bemol Sätz seet, déi hien ni esou gesot huet: Deepfake-Videoe maachen zanter e puer Méint méi intensiv d’Ronn op de soziale Medien. Vill dovu si fir z'ënnerhalen, fir een zum Laachen ze bréngen a gi fläisseg gedeelt. Awer hannendrun stécht eng Technologie, déi sech immens séier entwéckelt – a bei onéierlechen Asätz och geféierlech ka ginn.

Fir genee dorop opmierksam ze maachen, huet d’ALIA (Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l’Audiovisuel) eng Sensibiliséierungscampagne gestart. Si fënnt am Kader vun der "Global Media and Information Literacy Week" vun der UNESCO statt, déi sech dëst Joer mat der Kënschtlecher Intelligenz an de Medien befaasst.

„Mir gesinn ëmmer méi KI-generéiert Inhalter, déi heiansdo net méi vum Realen z’ënnerscheede sinn“, erkläert de Manuel Huss, Kommunikatiounsexpert vun der ALIA. „D’Technik ass esou wäit, datt och en Amateur mat e puer Klicks e KI-Video erstelle kann. Dat mécht et natierlech ëmmer méi schwéier, d’Realitéit vun der Manipulatioun z’ënnerscheeden.“

Modern Technik: Kann een den Internet reglementéieren?

Besonnesch problematesch wieren déi sougenannten manipulatoresch Deepfakes – also Biller oder Videoen, déi gezielt agesat gi fir Leit ze täuschen, politesch Meenungen ze beaflossen oder Persounen ze diffaméieren. „Wann esou Technike mat béiser Intentioun agesat ginn, kann dat en enorme Schued verursaachen, souwuel am private Beräich wéi och gesamtgesellschaftlech“, sou de Manuel Huss. Och zu Lëtzebuerg goufe scho vereenzelt Beispiller gesinn, wou gefälschte Contenu mat bekannten Nimm oder Gesiichter verbonne gouf – virun allem fir de Leit d’Suen aus der Täsch ze zéien.

D'Direktesch vun der ALIA Cindy Bauwens kuckt dobäi no vir op déi nei europäesch Legislatioun, den AI Act, deen am August 2026 a Kraaft triede soll. Dëse gesäit vir, datt all KI-generéierte Contenu kloer esou markéiert muss ginn. „D’Recht eleng wäert awer net duergoen“, warnt si. „Deepfakes verbreede sech extrem séier – a kommen dacks aus dem Ausland. Dofir bleift d’Medienerzéiung déi wichtegst Waff. D’Leit musse léieren ze hannerfroen: Wien huet dat gemaach? Wat ass d’Quell? A wéi realistesch ass dat, wat ech gesinn?“

D’ALIA wëll an den nächste Méint weider sensibiliséieren, iwwer Schoulen, Social Media a klassesch Medien. Tipps wéi Quellen iwwerpréiwen, op KI-Labelen oppassen oder nëmme weiderdeelen, wann ee sech sécher ass, sollen d’Populatioun dozou bréngen, méi bewosst mat digitale Biller a Videoen ëmzegoen. Och d’Majoritéit vun de grousse Plattformen, esou d’Cindy Bauwens, géifen no an no Funktiounen aféieren, fir KI-Inhalter besser z’erkennen oder ze markéieren.

KI net verdäiwelen – mä kritesch hannerfroen

Trotzdeem gesäit de Lëtzebuerger KI-Expert vu Letz-AI Misch Strotz net nëmme Schietsäite vun der Technologie. Fir hien ass déi nei Generatioun vu KI-Tools virun allem eng Chance fir d’Kreativitéit: „KI demokratiséiert d’Kreatioun. Haut kann jidderee Fotoen, Videoen oder Effekter produzéieren, fir déi ee fréier e grousse Budget gebraucht huet. Dat mécht Konscht, Film a Reklamm méi accessibel.“
Hien ass iwwerzeegt, datt d’Leit mat der Zäit léieren, mat der Technologie vun der generativer KI ëmzegoen: „D’Technik geet net fort – mee de Mënsch wäert sech upassen. Déi wichtegst Reegel bleift: alles hannerfroen, näischt blann gleewen.“