Google wëll Atomkraaftwierk am US-Bundesstaat Iowa reaktivéieren
© AFP
Den US-Internetgigant Google plangt d'Reaktivéierung vun engem Atomkraaftwierk.
Esou wéilt ee sécherstellen, genuch Stroum fir hir Infrastruktur am Beräich vun der Kënschtlecher Intelligenz ze hunn. Mat der Energieentreprise NextEra Energy wier ee sech schonn eens ginn, den AKW Duane Arnold Energy Center am Joer 2029 nees z'aktivéieren. Hir Cloud- a KI-Infrastrukture géingen ëmmer méi wuessen a bréichten deemno och méi Stroumkapazitéiten, wéi Google e Méindeg annoncéiert huet.
D'Atomkraaftwierk, dat zu 100 Prozent NextEra Energy gehéiert, war 2020 vum Netz geholl ginn. Google hat en Ofkommes ënnerschriwwen, deen de Kaf vu Stroum iwwer 25 Joer virgesäit, soubal d'Wierk nees a Betrib geholl gëtt. Béid Firme schwätzen an deem Sënn vun enger "strategescher Zesummenaarbecht", déi als Zil hätt, et Google z'erméiglechen "hir geschäftlech Ufuerderungen verantwortungsbewosst auszebauen". Béid Firmen hunn d'Atomenergie och als CO-fräi Energiequell ervirgestrach.
D'KI huet sech zu engem vun de bedeitendste Consommateure vun Energiequellen entwéckelt. Am Abrëll huet d'International Energieagence virausgesot, dass sech de Stroumverbrauch vun de Rechenzentre bis 2030 méi wéi verduebele wäert.
Beim AKW soll et net bleiwen. Google huet weider Initiativen annoncéiert, déi zousätzlech Stroumkapazitéiten sécherstelle sollen, dorënner d'Entwécklung vun dräi moderne Kärkraaftwierker an den USA.