Pilotprojet vu britteschem Start-up
KI soll hëllefen, falsch entsuergte Batterien ze erkennen an auszesortéieren
E brittesche Start-up huet e Bildveraarbechtungssystem entwéckelt, dee Batterien am Offall erkennt a sënnert, ier se Problemer verursaache kënnen.
371 Tonnen Elektroschrott an 10,9 Tonne Batterië goufen de leschten Héichrechnunge vun 2021 no zu Lëtzebuerg net korrekt recycelt, mä einfach an der groer Dreckskëscht entsuergt. E Problem, deen een och an England kennt.
Hei stellt een an de leschte Joren eng signifikant Hausse vu Bränn fest, déi duerch Batterië verursaacht ginn. E Start-up wëll deem entgéintwierken.
Am meeschte gelies