
Doriwwer eraus hu si Drock gemaach op d’US-Autoritéiten a gefuerdert, dass de Kaf méi genee sollt gepréift ginn. Dës Organisatioune fäerten, dass duerch manner Reglementatiounen a Limitatiounen, déi den Elon Musk uviséiert, och Extremisten eng Plattform kéinte kréien.
Den Tech-Gigant huet 41 Milliarden Euro fir Twitter gebueden. Bis ewell ass de Kaf awer nach net vun den zoustännegen Agencen an den Aktionären accordéiert ginn.