Nei Generatioun vu mobillem ReseauBedenken ëm méiglech Risikoe beim 5G

RTL Lëtzebuerg
Bedenke vun Akut beim 5G. Den Aktiounsgrupp géint Ëmwelt-Gëfter warnt virun enger ze séierer Ëmsetzung vun der neier Mobilfunk-Technologie.
Wéi ee Risiko bréngt 5G mat sech?
Lëtzebuerg soll ee vun de Pionéier ginn, wann et ëm den Opbau vun engem 5G-Reseau geet.

Zanter 2012 gëtt et zu Lëtzebuerg de 4G-Reseau. Eng Strategie fir e 5G-Reseau zu Lëtzebuerg opzebauen, huet d’Regierung d’lescht Joer op de Wee bruecht. Vum nächste Joer u soll op verschiddene Plazen am Land de 5G-Reseau komplementar zur Generatioun virdru fonctionnéieren.

Fir Akut ass et, de Stand haut, net méiglech ze soen, wéi eng Effeten de 5G op d’Gesondheet huet. Et kéint een net blann an esou eng Richtung goen, nëmme well Lëtzebuerg bei dëser Technologie well vir derbäi ass, esou de President vun AKUT Jean Huss.

Fir den Aktiounsgrupp géint Ëmwelt-Gëfter misst d’Liewensqualitéit, d’Ëmwelt an d’Gesondheet un éischter Plaz stoen an net de Wirtschaftswuesstem.

Back to Top
CIM LOGO