D'Krichsféierung vun der Zukunft?China presentéiert nei arméiert "Roboter-Wëllef"

RTL Lëtzebuerg
China huet eng nei Generatioun vu bewaffnete "Roboter-Wëllef" presentéiert, déi an Zukunft d'Roll vu mënschlechen Zaldote sollen iwwerhuelen.
Déi méi al Generatioun vu Roboter-Hënn bei enger Inspektioun vun der kambodjanescher Arméi am Mee 2024.
Déi méi al Generatioun vu Roboter-Hënn bei enger Inspektioun vun der kambodjanescher Arméi am Mee 2024.
© TANG CHHIN SOTHY and TANG CHHIN SOTHY / AFP

Déi neiste militäresch Roboter vu China, bekannt als bewaffnet “Roboter-Wëllef”, wieren der staatlecher Televisioun CCTV no dorop ausgeluecht, fir sech onopfälleg un e Feind erunzeschläichen, präzis Schëss ofzeginn an a schwéier zougängleche Géigenden ze funktionéieren. CCTV huet gemellt, datt dës Roboter eng weiderentwéckelt Versioun vun den existéierende “Roboter-Hënn” wieren a mënschlech Zaldote kéinten a geféierleche Situatiounen ersetzen, fir d’Zuel vun Affer am Kampf ze reduzéieren.

China investéiert zanter Jore massiv an d’Robotik – e Beräich, wou verschidden Experten der Meenung sinn, datt China d’USA vläicht schonn iwwerholl hätt. Déi chineesesch Arméi demonstréiert reegelméisseg hir technologesch Innovatiounen, dorënner och sougenannten Hightech-Waffe wéi dës Roboter, bei Militär-Manövere mat Partnerlänner wéi Kambodscha.

An engem Video, deen e Mëttwoch vu CCTV gepost gouf, gesäit een déi nei Versioun vum “Roboter-Wollef” mat engem Gewier um Réck duerch e Schluechtfeld voller Damp marschéieren. Déi beweeglech Maschinne klammen Trapen erop, droe schwéier Rucksäck a gräife Mannequinen un, wéi een op de Biller gesäit.

Och wa se bal identesch wéi déi scho méi typesch Roboter-Hënn vum Militär ausgesinn, hu se CCTV no verbessert “Opklärungs- an Ugrëffskapazitéiten”. “Si kënnen duerch verschidde Géigenden navigéieren an aus bis zu 100 Meter e präzise Schoss ofginn”, sou d’Televisiounschaîne weider.

Am Krich kéinten dës Roboter wéi e Wollefsruddel funktionéieren, bannent deem Aufgabe verdeelt a koordinéiert ginn, esou de staatleche Bericht. Esouguer e “Ruddel-Leader”, dee verantwortlech ass, fir Zil-Informatiounen ze sammelen an Opklärungsbiller weiderzeleeden, soll et CCTV no ginn. Aner Roboter géifen d’Aufgab hunn, op Feinden ze schéissen oder Material a Munitioun ze transportéieren, sou de Sender.

Dës nei Roboter kéinten drop hindeiten, datt d’Zukunft vum Schluechtfeld méi automatiséiert a méi déidlech wäert ginn, sou e Professer op der nationaler Universitéit vu Singapur. Dëst déngt “deelweis dozou, fir doheem den Nationalstolz ze stäerken, mee och fir potenziell Géigner no baussen ofzeschrécken”, sou de Fuerscher.

Back to Top
CIM LOGO