
Schonn zwee vun den dräi Moduller si schonn an de Weltraum geschoss ginn an zesummegesat. Aktuell schaffen dräi Astronauten un an an der Statioun an erwaarden dann dat leschte Stéck, wat den Numm “Mengtian” huet, an e Méindeg de Moie op Orbit geschoss gouf. D’Lescht Joer war d’Haaptstéck “Tianhe” an d’All geschoss ginn an am Juli koum “Wentian”, en Deel mat engem Laboratoire, dobäi.
Bei déi aktuell dräi Mann Equipage solle bis Enn vum Joer dräi weider “Taikonauten”, wéi China seng Astronaute nennt, dobäikommen. Da soll och d’Statioun, déi an enger “T"-Form ass a ronn 66 Tonne schwéier ass, fäerdeggestallt sinn an hire reguläre Betrib ophuelen.