
Elo huet sech de Larry Page als CEO beim Mammekonzern Alphabet zréck gezunn, de Sergey Brin zitt sech aus dem Management zréck. Si behalen awer hir Plazen am Verwaltungsrot. De Page an de Brin behalen och gréisstendeels d’Kontroll beim Internet-Konzern, iwwer speziell Aktien mat méi Stëmmrecht.
De Sundar Pichai, deen aus ganz einfache Verhältnisser aus Indien kënnt, gëtt elo Chef bei Alphabet. Hie war et scho bei Google.
