ESA-Missioun bei d'SonnE Liewen op der Äerd wier ouni Sonn net méiglech

Pierre Weimerskirch
D'Sonn erméiglecht d'Liewen op der Äerd. D’ESA erfuerscht elo gär mat enger Sonde, wéi d’Magnéitfeld op de Pole vun der Sonn fonctionéiert.
VIDEO: Solar Orbite / Rep. Pierre Weimerskirch (19.2.2020)
ESA-Missioun bei d’Sonn

Europäesch Astronome wëllen eise Sonnesystem besser verstoen, dofir huet d’Europäesche Weltraumagence d’lescht Woch de „Solar Orbiter” lancéiert. Méi genau geet et drëms, d’Wiesselwierkungen tëscht engem Stär a senge Planéite besser ze verstoen.

Pro Sekonn fusionéieren an der Sonn 568 Milliounen Tonne Waasserstoff zu Helium. Esou entsteet d’Energie, d’Hëtzt, déi eis hei op der Äerd um Liewen hält. “Solar Orbiter” ass eng Fuerschungsmissioun bei d’Sonn. D’Europäesch Weltraumagence ESA schafft hei zesumme mat der amerikanescher NASA. De “Solar Orbiter” kann 10 verschidden Experimenter duerchféieren. Bei fréiere Missioune gouf vun der Säit op d’Sonn gekuckt, eng éischte Kéier kënnen elo och d’Polen analyséiert ginn.

D’Missioun huet eng Lafzäit vu 4 Joer. D’Sonde kéint awer nach weider 10 Joer duerno fonctionéieren, wa se déi héich Temperaturen aushält. Éischt Donnéeën erwaart ee sech am Laf vum Joer.

© ESA

Back to Top
CIM LOGO