Aktie brécht anElon Musk leet Kaf vun Twitter temporär op Äis

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Multimilliardär via Twitter matgedeelt. Et géif een op Detailer wéinst de Spam- a Fake-Accounts op der Plattform waarden.
© AFP

Twitter selwer schätzt, datt d’Fake- a Spam-Accounts net méi wéi 5 Prozent vun de Profiller op der Plattform ausmaachen. Wéi de Musk an engem éischten Tweet matgedeelt hat, wéilt hien elo d’Detailer ofwaarden, ob dann effektiv net méi falsch Konten op der Social-Media-Plattform gëtt. An engem weideren Tweet kuerz drop huet hien dunn awer geschriwwen, datt hie weiderhin un de Pläng, z’iwwerhuelen, festhält.

D’Annonce vum Multimilliardär huet kuerzfristeg dofir gesuergt, datt d’Aktie vun Twitter ëm 20 Prozent gefall ass.

Back to Top
CIM LOGO