
Dëst huet déi zoustänneg Riichterin am US-Bundesstaat Delaware e Freidegmëtteg public gemaach. Weider huet si de Prozess op fënnef Deeg ugesat. Twitter wëll den Elon Musk riichterlech dozou zwéngen, de Betrib awer elo ze kafen. Dëse war dovun allerdéngs ofgesprongen, well Twitter ze vill “Fake-Accounts” hätt, also Konte vun Notzer an Notzerinnen, déi guer net existéiere géifen.
Experten halen et fir probabel, datt de Musk de Prozess géint de risege Konzern verléiere wäert. Am Raum steet allerdéngs och eng méiglech Geldstrof vu bis zu 10 Milliarden US-Dollar.