Wéinst Twitter-ProzessElon Musk verkeeft Tesla-Aktien am Wäert vu 7 Milliarden US-Dollar

RTL Lëtzebuerg
Den Twitter-Prozess geet an déi nächst Ronn. Dëst, obschonn en nach guer net ugefaangen huet. De Musk preparéiert sech op eng méiglech Defaite.
© AFP/Archiv/SAMUEL CORUM

Sollt Twitter de Prozess géint de Musk gewannen an hien domadder gezwonge ginn, Twitter z’iwwerhuelen, da wéilt hien duerch de Verkaf vu sengen eegenen Tesla-Aktië verhënneren, datt seng Kapitalpartner, wa si ieren den Deal mat Twitter net géife matgoen, hir Tesla-Aktien an engem sougenannten Noutverkaf verkafe géifen. Esou heescht et an engem Post um Elon Musk senger Twitter-Säit.

Twitter wëll den Elon Musk riichterlech dozou zwéngen, de Betrib awer elo ze kafen. Dëse war dovun allerdéngs ofgesprongen, well Twitter ze vill “Fake-Accounts” hätt, also Konte vun Notzer an Notzerinnen, déi guer net existéiere géifen.

Virun dësem Verkaf hat de Musk schonn eng Kéier Tesla-Aktien am Wäert vun 8,5 Milliarden US-Dollar verkaaft. De ganzen Twitter-Deal, sollt et dann dozou kommen, kéint dem Elon Musk deier ze stoe kommen. Fir 44 Milliarden US-Dollar soll de Betrib da vum Tesla-Grënner iwwerholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO