Einfach, awer sécherExperte recommandéieren Espacen a Passwierder ze loossen

RTL Lëtzebuerg
Wien heefeg an de sozialen Netzwierker ënnerwee ass, weess, dass d'Stäerkt vum Passwuert immens wichteg ass.
© Pixabay

Déi meeschte Konte ginn duerch de sougenannte “phishing” gehacked, dat heescht, dass d’Login-Donnéeë gerode ginn, mat Hëllef vun den Informatiounen, déi een op de Profiller vun de User fënnt. Dat sinn zum Beispill dacks d’Nimm vu Kanner oder Hausdéieren, de Gebuerts- oder Hochzäitsdag. Beléift, awer liicht ze hacken, sinn och einfach Kombinatioune wéi 1234 oder 0000.

Cybersecuritéit-Experte roden den Internet-Notzer dowéinst, Passwuert-Phrasen ze benotzen, also Passwierder, an deenen op d’mannst 3 Espacen dra virkommen. 4 Wierder wiere sécher, 5 nach besser, betount d’Kiersten Todt vum Cyber Readiness Institute a fréier Cybersecuritéit-Beroderin vum Barack Obama.

Mëttlerweil gëtt d’Espace-Variant och op Google a Facebook akzeptéiert. Déi sougenannte “Passphrase” ass virun allem praktesch, well d’Leit hir Passwierder gäre vergiessen, zemools, wann Interpunktioun a Grouss- a Klengschreiwung bis am Spill sinn. De Passwuert-Saz ass méi einfach ze verhalen, sou d’Team vu ProtonMail, déi sech mat der Sécherheet vum E-Mail-Service befaassen.

Awer och bei de Phrasë soll dru geduecht ginn, se all puer Méint z’aktualiséieren an net dat selwecht Passwuert fir all d’sozial Netzwierker ze huelen.

Back to Top
CIM LOGO