EBU-Etüd warnt viru Feeler an ChatbotsFakten oder Fiktioun: Wéi zouverlässeg si KI-Noriichten?

Tim Morizet
Kënschtlech Intelligenz gëtt ëmmer méi dacks benotzt, fir sech séier iwwer d’Welt an d’Aktualitéit z’informéieren.
EBU-Etüd warnt viru Feeler an Chatbots
Fakten oder Fiktioun: Wéi zouverlässeg si KI-Noriichten?

Awer grad do läit e Problem: vill vun de populäerste Chatbots, wéi ChatGPT, Copilot oder Gemini, ginn Aktualitéitsinformatiounen dacks falsch oder ouni kloer Quelle virun. Dat weist eng nei, grouss Etüd vun der Europäescher Rundfunkunioun (EBU), un där sech 22 ëffentlech-rechtlech Medien aus 18 Länner bedeelegt hunn, dorënner och d’BBC an d’Deutsche Welle.

D’Fuerscher hunn d’Äntwerte vu véier KI-Assistenten op 30 Froen analyséiert, déi vu richtege Leit gestallt goufen, zum Beispill zu politeschen oder internationale Sujeten. A 45 Prozent vun de Fäll waren d’Äntwerte falsch, ierféierend oder ouni korrekt Source.

“Mir hunn erausfonnt, datt d’Systemer besonnesch Problemer hunn, wann et ëm Theme geet, déi séier evoluéieren, wéi Konflikter, Katastrophen oder politesch Entwécklungen”, erkläert d’Dorien Verckist vun der EBU. “Bei Froen, déi sech op detailléiert oder aktuell Informatioune bezéien, hu mir gesinn, datt d’KI-Assistente wierklech struewelen.”

“Wien ass den aktuelle Poopst?”

D’Etüd weist och, datt d’Feeler net op eng eenzel Sprooch oder Plattform limitéiert sinn – se triede systematesch op. Dacks ginn al Donnéeën als nei presentéiert oder Informatioune ginn aus verschiddene Quelle vermëscht.

“Mir haten eng Fro: Wien ass de Poopst? – an ee KI-System huet zouginn, datt de fréiere Poopst gestuerwe wier, mee en huet en trotzdeem nach als aktuelle genannt”, seet d’Verckist. “Dat weist, wéi dacks d’Modeller al an nei Donnéeën op eng onprezis Manéier kombinéieren.”

E weidere Problem: d’KI-Chatbots äntwere mat engem extreem selbstsécheren Toun, och wa se falsch leien. “Si weise keen Doute”, warnt d’Verckist. “D’Leit acceptéieren d’Äntwert da séier als richteg – besonnesch déi, déi net vill Erfarung mat KI oder der Aktualitéit hunn.”

D’EBU gesäit doduerch d’Vertrauen an d’Medien a Gefor. Wa falsch Informatioune mam Numm vun engem Sender associéiert ginn, kéint dat dem Ruff vun zouverlässege, journalistesche Quelle laangfristeg schiedegen.

Ëmmer méi Leit informéiere sech mat d’KI-Chatbots iwwert d’Aktualitéit

Dem Reuters-Institut no gi mëttlerweil 7 Prozent vun Online-Noriichten iwwer Chat-Bots ewéi ewéi Chat-GPT, Microsoft Copilot oder Google Gemini consomméiert. Bei Leit ënner 25 läit dëse Wäert souguer bei 15 Prozent.

Nieft de journalistesche Konsequenze gesäit de Medierechtler Marc Cole vun der Universitéit Lëtzebuerg och grouss juristesch Froen: “Sougenannt AI-Summaries kënnen eigentlech kee Journalismus am klassesche Sënn sinn,” seet hien. “Si schafen nämlech keen eegent Wierk, mee baséiere statistesch op bestoenden journalisteschen Texter.”

Dat féiert zu komplexe Froen am Auteursrecht: Dierf eng KI iwwerhaapt Texter vu Medienhaiser notzen, ouni Zoustëmmung? Dem Cole no ass d’Situatioun onkloer. “Europa huet eng ‘Text-an-Data-Mining’-Ausnam, déi d’Benotze vu bestëmmte Quelle fir d’KI-Trainéieren erlabe kann. Mee et ass net kloer, ob dat och fir dës Zesummefaassungen an de Chatbots gëllt.”

Dofir fuerdert hie méi Transparenz an eng nei Regulatioun: “Déi wichtegst Moossnam wier, datt d’Systemer weisen, wouhier d’Informatioun kënnt. De Benotzer muss gesinn, op wéi eng Quelle sech d’KI stäipt – soss kënne mir d’Resultater net iwwerpréiwen.”

Fir de Medierechtler op der Uni Lëtzebuerg wier et awer och schwiereg, wa Medienhaiser hire Contenue fir KI-Plattforme späre géifen: “Eigentlech wär et souguer dramatesch wann dës Informatiounen net méi genotzt kéinte gi fir Zesummefaassungen. Well, da steet an der Zesummefaassung iergend ee Quatsch. Nom Motto: Garbage in, Garbage out. An dat géif sech perpetuéieren. Wat méi laang, wat méi.”

D’EBU plädéiert mat hirer Campagne “Facts In – Facts Out” fir genee dat: méi Responsabilitéit bei de KI-Entwéckler, méi Transparenz a méi Dialog mat de Medienhaiser.

Back to Top
CIM LOGO