
Reportagë vu grousser Qualitéit oder Enquêten, oder einfach gesot, alles, wat vill Aarbecht, Kompetenz an Erfarung erfuerdert, gëtt an Zukunft bei Recherchen an der Online-Sichmaschinn uewen an de Resultater ugewisen.
Fir ze determinéieren, wat „verdéift investigativ Aarbecht” ass, gëtt e “Panel”, also e Grupp vun 10.000 Leit, designéiert.
Ëmmer erëm gëtt Google kritiséiert, well den Algorithmus „click bait” géing favoriséieren. Dat sinn Artikelen, déi bewosst a kënschtlech “verschéinert” ginn, mat beispillsweis sensationalistesche Mëttelen, fir esou méi ugeklickt ze ginn.