
Wiem et wichteg ass ze wëssen, wéi nohalteg en Hand oder en Tablet ass, dee kritt et an Zukunft méi einfach gemaach, fir beim Kaf vun engem neien Apparat op esou Krittären opzepassen.
Vum 20. Juni 2025 u muss duerch eng nei EU-Direktiv direkt op der Verpackung ze erkenne sinn, wéi energieeffizent den Handy oder den Tablet ass. De Label deen dofir genotzt gëtt, erënnert staark un deen, deen ee scho kennt bei Frigoen, Wäschmaschinnen oder Tifküler.

Et gëtt eng Skala déi vun A bis G geet, ënnerdeelt a verschidde Faarwen. Heimat ginn Energieeffizienz a Stroumverbrauch bildlech duergestallt. Am mannste verbrauchen Apparater mat engem gréngen “A”, am schlechtsten zerwéiert ass ee mat engem roude “G”.
Nieft der faarweger Skala ginn et 5 weider Symboler, déi uweisen:
Duerch déi nei EU-Direktiv gëtt dann och séchergestallt, dass den Hiersteller op d’mannst 5 Joer laang muss Updates fir de Smartphone an d’Tablets ubidden, an dat vun deem Dag un, wou de Produit nees vum Maart geholl gouf. Ersatzdeeler wéi Akkuen a Kamera mussen no deem Datum op d’mannst 7 Joer disponibel sinn.
Op dem Label ass dann och e QR-Code, mat deem een op d’Datebank vun der EU-Kommissioun redirigéiert gëtt. Do fënnt een dann all déi néideg Informatioune regroupéiert.