Lutte géint KorruptiounKI-Chatbot Diella soll Ministerposten an Albanien iwwerhuelen

RTL Lëtzebuerg
Eng kënstlech Intelligenz soll an Albanien ëffentlech Opträg kontrolléieren an esou den EU-Bäitrëtt vum Land garantéieren.
© ADNAN BECI / AFP

An Albanien gouf d’lescht Woch deen éischten net-mënschleche KI-bedriwwene Minister presentéiert. Diella, wat op albanesch Sonn heescht, ass een Chatbot, dee mat kënschtlecher Intelligenz funktionéiert an ëffentlech Opträg am Land soll kontrolléieren. Domat soll Diella der albanescher Regierung vum Premier Edi Rama am Kampf géint d’Korruptioun hëllefen. De KI-Chatbot Diella ass schonn zanter ugangs dës Jores an Albanien am Asaz, fir de Bierger ze hëllefen, hir administrativ Prozeduren digital ze erleedegen. Den Chatbot gëtt vun enger jonker Fra an traditionell albanescher Kleedung verkierpert an ass vu Microsoft programméiert. Diella ass elo offiziell Deel vun der Regierung.

Albanien ass jo zanter 2014 offiziellen EU-Bäitrëttskandidat. D’Land hat awer laang mat Korruptiounsproblemer ze kämpfen. Mat dëser aussergewéinlecher Mesure, déi versprécht, datt ëffentlech Ausschreiwungen an Zukunft 100% fräi vu Korruptioun wieren, wëll d’Regierung e weidere Schratt Richtung EU-Memberschaft goen.

Back to Top
CIM LOGO