
Geplangt ass deemno en 100-Kilowatt-Reakter. Déi genee Pläng sollen an deenen nächsten Deeg verëffentlecht ginn. De Reakter soll iwwerdeems bis 2030 a Betrib goen. Grond heifir wier ënner anerem de Konkurrenzkampf mat China. Peking plangt, déi éischt chineesesch bemannt Moundmissioun an ausserdeem géif d’Gefor bestoen, datt déi éischt Natioun mat engem Atomreakter um Mound eng “Ausschloss-Zon” ausruffe kéint.