Zu LëtzebuergNëmmen nach 0,87 % vun der Bevëlkerung hunn nach ni den Internet benotzt

Claudia Kollwelter
D'Erausfuerderung läit haut net méi am Accès, mee an den Ënnerscheeder bei den digitale Kompetenzen an der Notzung.

Den Internetzougang zu Lëtzebuerg ass haut bal komplett garantéiert. Nëmmen nach 0,87 % vun der Bevëlkerung hunn nach ni den Internet benotzt. Dat geet aus der Etüd „Inclusion numérique 2025“ vum Digitilisatiounsministère ervir.

D'Erausfuerderung läit haut net méi am Accès, mee an den Ënnerscheeder bei den digitale Kompetenzen an der Notzung. Virun allem den Ausbildungsniveau an den Alter hunn e groussen Afloss: Manner qualifizéiert Persounen a Senioren notzen den Internet manner intensiv a profitéieren och manner dovun. D'Etüd recommandéiert dofir gezielte Formatiounen no Kompetenzniveau, e Fokus op Informatiouns- a Léisungskompetenzen an eng besser Offer u Begleedung.

Vill vun dëse Mesurë sinn schonn am nationale Plang fir digital Inklusioun 2026–2030 virgesinn.

Nouvelle étude sur l’état de l’inclusion numérique au Luxembourg (27.07.2026)
Communiqué par: ministère de la Digitalisation

Back to Top
CIM LOGO