Sécherheetsrisiko bei AppleNotzer vun Apple-Produite sollen hir Apparater aktualiséieren

RTL Lëtzebuerg
Den Ament géif de Risk bestoen, datt Hacker d'Kontroll iwwert d'Apple-Produiten iwwerhuele kéinten an domadder op perséinlech Donnéeën zeréckgräife kënnen.
© AFP/Archiv/Nicholas Kamm

Vun dësem Sécherheetsrisiko betraff sinn déi aktuell iPhone-Modeller bis den iPhone 6s. Weider réit Apple och, iPad-Modeller a Mac-Computeren ze aktualiséieren.

Doriwwer eraus weist Apple dorop hin, datt ee reegelméisseg seng Geräter aktualiséieren soll. Dëst fir méiglech Sécherheets-Fuitten ze evitéieren.

Back to Top
CIM LOGO