Apple-Musée zu WarschauPrivat Collectionneur erfëllt sech Liewensdram

RTL Lëtzebuerg
Déi gréisste Privatsammlung vun Apple-Produite ginn elo an engem Musée a Polen ausgestallt.
Apple Musée a Polen
Déi gréisste Privatkollektioun vun Apple-Produite kann een elo besiche goen.

De Jacek Lupina aus Polen huet an iwwer 40 Joer bal 1.600 Produite vun der Mark mam ugebassenen Apel gesammelt a viru kuerzem elo de gréissten Musée fir Apple-Produiten opgemaach a sech domat och en Dram erfëllt.

Seng Kollektioun weist dohier och bal 50 Joer Evolutioun vun dëse Computeren an anere Gadgeten, déi d’Welt bis haut wéi kaum eng aner Mark begeeschtert. De Visiteur gëtt dobäi an dësem Musée zu Warschau op eng kleng Zäitrees matgeholl, Informatik-Geschicht einfach erkläert fir de Grand Public. Ënnert dësen ass och eng Reliquie vum éischten Model, deen de Steve Jobs an den Steve Wozniak kommerzialiséiert hunn: Den Apple One. Dovu goufen der just 200 Stéck gebaut.

Donieft gesäit een och vill aner Modeller, vum Lisa iwwer de revolutionären Imac, Powermac, Macbook, MacPro an natierlech och d’iPhones. Original Affichë weisen och déi wuel bekanntste Campagnen, déi och d’Philosophie vu Jobs a Wozniak erëmspigelt: “Think Different” aus dem Joer 1997.

Back to Top
CIM LOGO