
Wéi een op netzwelt.de nokucke kann, si kuerz viru 16 Auer eng ganz Rei Stéierungsmeldunge vu User aus Däitschland erakomm. Ma och um Kuerznoriichtendéngscht X melle sëllegen Notzer, datt si vu Facebook, Messenger an deels och vun Instagram ausgelogged goufen a sech net méi alogge kënnen. Vu Meta selwer ass bis ewell nach keng technesch Pann confirméiert ginn, eng Reaktioun bleift den Ament och nach aus.