SpaceX-CrewVéier ISS-Astronauten zeréck op der Äerd

RTL Lëtzebuerg
Dräi US-Amerikaner an een Italieener sinn no sechs Méint vun der ISS zeréckkomm.
© AFP

Dat véiert Astronautenteam, dat vum Elon Musk senger Weltraumentreprise SpaceX op déi International Raumstatioun (ISS) bruecht gouf, ass nees sécher op der Äerd gelant.

No knapp sechs Méint wëssenschaftleche Fuerschungen an engem autonome Réckfluch vu fënnef Stonnen ass d’Dragon-Kapsel mat der SpaceX-Crew am Atlantik virun der Küst vu Florida gelant.

© AFP

U Bord waren d’NASA-Astronauten Kjell Lindgren, Bob Hines an d’Astronautin Jessica Watkins wéi och d’Samantha Cristoforetti vun der Europäescher Raumfaartagence ESA.

D’"Crew-4" hat op der ISS Enn Abrëll d’"Crew-3" ofgeléist. Déi lescht Woch war dunn d’"Crew-5" a Richtung ISS gestart.

Back to Top
CIM LOGO