Warnung vun AppleWichtegen Update soll virum 3. November installéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Apple recommandéiert, den neisten Update nach virum 3. November duerchzeféieren, fir weiderhi vu Servicer wéi dem App Store profitéieren ze kënnen.
© afp

Leschte Weekend krute Proprietäre vu verschiddenen Apple-Modeller eng Notifikatioun ugewisen, dass verschidde Funktioune vum Smartphone kéinte verluer goen, wann d’Notzer hiren Apparat net géinge matzäit updaten. Déi neist Versioun vun iOS soll virun e Sonndeg um Mëtternuecht installéiert ginn, soss muss se mat Hëllef vun engem Computer op de Smartphone geluede ginn.

Betraffe Modeller sinn den iPhone 5 an den iPhone 4s, déi nach relativ vill am Ëmlaf sinn. Op méi alen iPad-Modeller ass déiselwecht Warnung ugewise ginn, dat um iPad 2, 3, 4 an um iPad mini (mat enger SIM-Kaart).

Den Update op iOS 9.3.6 oder 10.3.4 ass fir d’GPS-Lokalisatioun wichteg, fir e Rollover-Problem bei der GPS-Zäit ze verhënneren. Vun der GPS-Lokalisatioun hänkt zum Beispill och den Datum an d’Auerzäit of, déi fir Applikatioune wéi den Internetzougang, App Store, iCloud oder de Message-Service eng grouss Roll spillen.

All Informatiounen iwwert dëse wichtegen Update fënnt een um offizielle Site vun Apple.

Back to Top
CIM LOGO