
Fir déi éischt Kéier zanter méi wéi 10 Joer huet de Streaming-Gigant eng Baisse bei der Zuel vu sengen Abonnente verzeechent. Eng 200.000 Leit manner haten de Streaming-Déngscht am éischte Quartal vum Joer abonéiert, wéi am éischte Quartal vum Joer virdrun.
Als Grond fir déi feelend Abonnenten huet Netflix de Verbuet vum Streaming-Déngscht a Russland no der Invasioun vun der Ukrain uginn. An och d’Konkurrenz gëtt net manner: Disney +, Amazon an aner Déngschter ginn ëmmer méi beléift.
U sech hat Netflix domat gerechent, eng 2,5 Milliounen nei Abonnenten ze gewannen. Virun allem wärend der Pandemie hat de Streaming-Déngscht gutt Gewënn gemaach an nei Cliente gewonnen. Als Problem huet Netflix awer och identifizéiert, datt vill Stéit sech dacks een eenzegen Account deelen.