Trotzdeem, déi 53 Joer al Besëtzerin vum Buttek ass besuergt, datt am Januar “Chaos” am Balkanland wäert ausbriechen, wann den Euro agefouert gëtt. D’Nikolova seet, si hätt souguer driwwer nogeduecht, fir e puer Wochen zouzemaachen, “bis d’Saache sech agerenkt hunn”, well si scho Sträit mat Clienten hat. “D’Leit gesinn de méi nidderege Präis an Euro a ginn duercherneen, si mengen, ech géif si uléien”, seet d’Nikolava, déi de Buttek schonn zanter iwwer 20 Joer uféiert.
Am Duerf Chuprene, um Fouss vun de bulgaresche “Stara Planina"-Bierger net wäit vun der serbescher Grenz, wunnen eng 400 Leit. Ma kleng Dierfer uechter d’Land si besuergt, datt mam Euro méi héich Präisser wäerte kommen. D’politesch Onsécherheet am Land ass och keng Hëllef. Déi lescht Regierung, déi sech och net laang gehalen huet, ass Ufank Dezember zeréckgetrueden.
Trotzdeem gëtt Bulgarien den 1. Januar 2026 dat 21. Euro-Memberland - dat ronn 19 Joer, nodeems d’Land mat senge 6,4 Milliounen Awunner der EU bäigetrueden ass.
D’Angscht virun der Aféierung vum Euro ass do, an dat obwuel d’Land an de leschte Jore wirtschaftlech Fortschrëtter gemaach huet. Iwwert déi leschten 10 Joer ass de bulgaresche PIB vu ronn engem Drëttel vum EU-Duerchschnëtt op aktuell bal zwee Drëttel geklommen.
Gläichzäiteg bleift Bulgarien allerdéngs dat EU-Land mat dem héchsten Taux u Leit, déi riskéieren, an d’Aarmut ze falen oder sozial ausgegrenzt ze ginn, weisen Zuele vun Eurostat. “Dat sinn d’Haaptsuergen, déi mir a klenge Gemenge gesinn: d’Angscht, méi aarm ze ginn, well d’Leit scho ganz wéineg Reserven hunn”, seet d’Boryana Dimitrova vum Alpha Research polling institute.
“An den Dierfer kommen dräi Facteure beieneen: eng eeler Populatioun, e méi niddrege Bildungsgrad a méi schlecht finanziell Bildung, a Bezuelungen, déi virun allem bor gemaach ginn”, esou d’Dimitrova, déi d’Attitüd zum Euro iwwert ee Joer gemooss huet.
D’Inflatioun bei de Liewensmëttel huet iwwerdeems zu de Suerge vun de Bulgare bäigedroen. “Mir mussen unerkennen, datt d’Hausse vun de Präisser net näischt war”, esou d’Wëssenschaftlerin der AFP géigeniwwer. Liewensmëttelpräisser am November sinn ëm 5 Prozent geklommen, weisen Donnéeë vum Nationale statisteschen Institut - méi wéi dat Duebelt vum Duerchschnëtt an der Eurozon.
An engem anere Buttek zu Chuprene seet d’Besëtzerin, déi sech just Kamelia nennt, datt si Probleemer huet, de Shop opzehalen, zanterdeem si an hire Mann virun engem Joer iwwerholl hunn. “Verschiddener soen, et gëtt besser, anerer soen, et gëtt méi schlëmm” mam Euro, seet d’Fra an hiren 30er.
D’Duerf Chuprene läit an deem Deel vum Land, dat vun der Aarbechtslosegkeet am meeschte betraff ass. Eng 18,7 Prozent hunn hei keng Aarbecht, am Verglach zu engem Schnëtt vu 4,2 Prozent am Joer 2024, wéi Zuele vum Nationale Statistikinsitut weisen.
Eng pensionéiert Léierin an hiren 80er, déi fir e Kaffi an de Buttek koum, mécht sech wéineg Illusiounen, wéi een Impakt de Switch op Euro hei op d’Populatioun wäert hunn. “Ech weess, datt mir méi aarm wäerte ginn”, sot d’Fra, déi just hiren Nonumm Bogdanovska matgedeelt huet.
Am Januar wäerten de Lev an den Euro nach gläichzäiteg zirkuléieren, mee a Butteker muss d’Wiesselgeld an Euro erausgoen. Geschäfter kënne Mënzen-"Starter kits” kafen, an dem Direkter vun der bulgarescher Nationalbank no ass d’Demande héich.
“An e puer Plazen, virun allem am Post-System an a klengen Dierfer, ass ee Gefill vun’ net genuch’ opkomm, obwuel et u sech kee Manktem gouf”, sot den Direkter dëse Mount. “Dës Episod weist, datt mir eng enk Koordinatioun musse bäibehalen an datt mir prett musse sinn, fir séier ze reagéieren.”