Schëss beim Wäissen HausTäter soll psychesch krank sinn

AFP, iwwersat vun RTL
No de Schëss an der Géigend vum Wäissen Haus de Weekend ginn d'Ermëttler US-Medien no vun enger psychescher Erkrankung vum Täter aus.
D'Géigend vum Amtssëtz vum US-President war no de Schëss e Samschdeg den Owend wäitraimeg ofgespaart ginn.
© FATIH AKTAS/Anadolu via AFP

Den 21 Joer ale Mann, deen aus Maryland ass, war vun de Sécherheetsbeamten e Samschdeg an der US-Haaptstad Washington erschoss ginn. Den US-President Trump huet op Truth Social erkläert, datt den Täter eng "gewalttäteg Vergaangenheet" hat a vum "am héchste geschate Gebai vun eisem Land besiess" gewiescht wier.

Den Amtssëtz vum US-President war no de Schëss e Samschdeg den Owend wäitraimeg ofgespaart ginn. Den Trump war zwar am Wäissen Haus, war awer vum Virfall "net betraff" gewiescht.

De Kommunikatiounschef vum Secret Service, den Anthony Guglielmi, huet méi spéit matgedeelt, datt den Ugräifer e Samschdeg ëm kuerz no 18 Auer Lokalzäit eng Schosswaff aus der Täsch gezunn an op d'Beamte geschoss hat, déi op engem Kontrollposte stationéiert waren. Dës hätten doropshin op den Täter geschoss a getraff. Kuerz Zäit drop wier hien am Spidol fir dout erkläert ginn. Deemno goufen zwar keng Sécherheetsbeamte blesséiert, dofir allerdéngs ee Passant. Wéi et dësem aktuell geet, huet de Secret Service net matgedeelt.

Op Truth Social huet den Donald Trump dem "groussaartege Secret Service" fir dat "séier a professionellt Virgoe" Merci gesot.

Back to Top
CIM LOGO