
E Sonndeg den Owend géint 20:40 Auer koum et op der B 51 bei Mettlach zu engem schroe Verkéiersaccident. Op der Streck tëscht Saarhölzbach a Mettlach ass en Auto an enger laanggezunner Lénkskéier un d'Schleidere geroden. De Won ass vun der Strooss ofkomm an huet sech iwwerschloen, wouropshin dësen dunn a Brand geroden ass.
Wéi d'Police vu Merzig matdeelt, goufe béid Persounen, déi am Auto waren, aus dësem erausgeschleidert.
E Mann vun 41 Joer ass nach op der Plaz gestuerwen. Wéi d'Police op Nofro bestätegt, handelt et sech heibäi ëm e Lëtzebuerger, deen och am Grand-Duché ugemellt war.
Déi aner Persoun, e Mann vun 31 Joer, gouf mam Rettungshelikopter an d'Spidol op Saarbrécken bruecht. Och heibäi handelt et sech ëm e Lëtzebuerger, deen awer an Däitschland ugemellt ass. Um Mëttwoch de Moie war et d'Ausso, dass dës Persoun nach am Spidol wier.
Den Auto, mat deem déi zwee bäigaange sinn, war an Däitschland immatrikuléiert. Verschidde Medien hate gemellt, dass béid Persoune wuel net ugestréckt waren. Dat konnt a wollt d'Police um Mëttwoch net bestätegen.
D'B 51 hat wéinst dem Accident bis an d'Nuecht op e Méindeg era musse gespaart ginn. Eng Enquête soll déi genee Ëmstänn vum Accident klären. Eventuell Zeie solle sech wgl. bei der Police vu Merzig mellen (+49 (0) 68617040).