Kontroll op der A132 Automobilisten ze séier, 4 Fürerschäiner agezunn um Mëttwochmoien

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet op der Héicht Cargo Center am Beräich vum Chantier kontrolléiert an hat masseg ze dinn. Am Ganze si 37 Automobiliste verwarnt ginn.
© Laurent Weber

E Mëttwoch de Moien huet d'Police tëscht 9 an 10 Auer op der Tréierer Autobunn A1 a Richtung Tréier op der Héicht vun der Opfaart Cargo Center kontrolléiert.

A véier Fäll ware Chaufferen esou vill ze séier, datt si nach op der Plaz hire Fürerschäin ofgeholl kritt hunn.

27 mol si Verwarnungen an Héicht vun 145 Euro a jee zwee Punkten fälleg gewiescht, well déi concernéiert Automobiliste méi wéi 25 Kilometer an der Stonn iwwert der zoulässeger Limitt geleeën haten.

An engem weidere Fall waren 49 Euro Strof ze bezuele wéinst ze héijer Vitess.

Donieft ware bei véier Automobilisten d'Pabeieren net an der Rei, wärend ee Chauffer mam Handy am Grapp erwëscht ginn ass, wat 250 Euro Strof a 4 Punkten zur Folleg hat.

Back to Top
CIM LOGO