
D'portugisesch Police judiciaire huet am Norde vu Portugal eng 43 Joer al Fra verhaft, déi via en europäesche Mandat d'arrêt vun de Lëtzebuerger Autoritéite gesicht gouf. Wéi et an engem Schreiwes vun der Polícia Judiciária heescht, kréich d'Fra hei am Land Mënschenhandel, Geldwäsch an d'Forméiere vun enger krimineller Vereenegung reprochéiert.
Si soll d'Cheffin vun engem Luxus-Prostitutiounsnetzwierk sinn. Tëscht 2020 an 2026 hätt si am ganze 40 Fraen, vun deenen déi meescht d'ukrainesch Nationalitéit hunn, iwwer Internetsäite rekrutéiert a si duerno gezwongen hunn, an Appartementer sexuell Déngschtleeschtungen unzebidden. Vun de 400 bis 600 Euro, déi d'Fraen dofir verlaangt hunn, huet d'Fra d'Hallschent fir sech selwer gehalen. Op dës Manéier hätt si iwwer eng hallef Millioun Euro ageholl.
D'Fra kënnt elo zu Porto virun eng Cour d'appel. Dës decidéiert, wéi eng Mesuren applizéiert ginn, éier si op Lëtzebuerg ausgeliwwert gëtt.