Um DënschdegowendFeier an engem Appartement an der Avenue Monterey an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Donieft mellt de CGDIS eng Partie méi kleng Feier an en Accident mat engem Blesséierten.

Kuerz virun 22 Auer en Dënschdegowend huet et an der Avenue Monterey an der Stad an engem Appartementshaus gebrannt. D'Stater Pompjeeën an hir Kolleege vun Hesper a Sandweiler waren op der Plaz, fir d'Feier ze läschen. Och d'Stater Ambulanciere waren am Asaz. Blesséierter goufen et allerdéngs keng.

Am Laf vum Dënschdegowend hunn iwwerdeems zu Bettenduerf Offäll Feier gefaangen an um Findel huet et an engem Gaart gebrannt. D'Pompjee vu Bettenduerf respektiv Nidderaanwen hunn hei missen ausrécken. Béid Kéiere blouf et beim Materialschued. Géint 1:30 Auer e Mëttwochmoien huet dann zu Kënzeg eng Poubelle gebrannt. D'Käerjenger Pompjeeën hunn d'Feier geläscht.

Vun de Stroosse mellt de CGDIS dann ee Blesséierten. Um 18:05 en Dënschdegowend war op der N12 tëscht Bidscht a Wolz e Motocyclist gefall. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Géisdref an d'Ambulanciere vu Wolz.

Back to Top
CIM LOGO