
D’Caves Bernard-Massard feieren 100 Joer. E Centenaire ass schonn e grousse Moment, eppes ganz Spezielles ! Bei Bernard-Massard ass dat d’Geleeënheet fir eng eenzegaarteg Geschicht, en eemolege Savoir-faire, den Houfert fir d’Regioun a vill Emotioune mat senge Clienten ze deelen.
Fir dee ronnen Honnertsten also esou richteg ze feieren, huet Bernard-Massard d’Cuvée 1921, en aussergewéinleche Lëtzebuerger Cremant erausbruecht. Mat Drauwen aus hire beschte Parzellen an 3 Joer am Wäikeller geräift, dréckt den « 1921 » dee ganze Savoir-faire vu Bernard-Massard aus. Dir kritt en elo an alle gudde Geschäfter an och am e-shop op bernard-massard.lu an an der Vinothéik vu Bernard-Massard zu Gréiwemaacher, wou Iech eng héiflech a professionell Equipe empfänkt an Iech zur Säit steet, fir Är Kaddoe fir d’Feierdeeg zesummen ze stellen.
An deem Sënn: 100mol schéi Feierdeeg mat Bernard-Massard an hirer Cuvée 1921!