1/16-Finallen an der CoupeChampion Biissen trëfft op Coupegewënner Déifferdeng

Tom Nols
An de 1/16-Finalle vun der Coupe de Luxembourg kënnt et donieft zu 3 weideren Dueller tëscht Veräiner aus der héchster Divisioun.

D'Partië vun de 1/16Finallen an der Coupe de Luxembourg am Futtball si gezu ginn. Dobäi kënnt et zum Spëtzenduell tëscht dem Champion Biissen an dem Coupegewënner Déifferdeng.

An 3 weideren Dueller wäerten och Veräiner aus der BGL Ligue openeen treffen:

Rëmeleng spillt géint de Racing, Rouspert kritt Käerjeng op Besuch a Wolz fiert op Nidderkuer.

Déi weider Dueller:

Monnerech - Diddeleng
Iechternach - Gréiwemaacher
Bieles - Etzella
Bartreng - Hueschtert
Mamer - Munneref
City - Kanech
Berbuerg - Jeunesse
Lëntgen - Beetebuerg
Péiteng - Réimech/Bus
Beggen - Stroossen
Luerenzweiler - Feelen
Rodange - Wuermer

D'Matcher wäerten de Weekend vum 8. November gespillt ginn.

HEI d'Matcher vun de 1/16-Finallen nach emol am Communiqué vun der FLF.

Back to Top
CIM LOGO