Bis den 30. Januar am neie Geschäft an der Belle Etoile20% Remise op den Teppecher bei Tapis Hertz!

IPL
Profitéiert och vun de Solde mat 10% Reduktioun op der ganzer Gamme

20/01/2021 Business News

Virun engem decke Joer ass Tapis Hertz aus der Stater Groussgaass an d‘Belle Etoile geplënnert. An deem schéine Geschäft um Rez-de-chaussée am neien Deel vum Akafszenter um Tossebierg erwaarden Iech op 600m2 all hir gewinnte Rayonen: Teppecher, Riddoen, de „Linge de maison“ an e groussen Kaddosrayon an Dekoratiounsartikelen.

Zanter Mäerz huet Tapis Hertz och en online-Shop op tapishertz.lu. Mee déi bescht Affäre mécht ee vu haut un an de Solden awer natierlech am Buttek selwer. Do erwaarden Iech 10% Remise op der ganzer Gamme an 20-50% op ausgewielten Artikelen.

Bis den 30. Januar ginn et och exceptionnel 20% op den Teppecher. De Grond duerfir ass, datt si hir Wuer duerch déi sanitär Kris ganz spéit kruten, well d’Flughäfen doruechter zou waren. Duerfir ginn et och ausnamsweis 20 % op ganz neie, schéinen handgekneppten Teppecher.

Besicht d’Nathalie Aach an hir dynamesch Equipe an der Belle Etoile a loosst Iech professionell beroden.

tapishertz.lu

Back to Top
CIM LOGO