Speziell Gebuertsdagsaktioun dese Samsdeg 30.10.40 Joer Adler Féiz

IPL
Gewannt Remise vu bis zu 30% an Akafsbonge vun 150 €!

29/10/2021 Business - Neiegkeeten aus der Geschäftswelt

Adler Lëtzebuerg feiert 40 Joer zu Féiz mat speziellen Aktiounen an Akafsbongen. 40 Joer Moud, Trends a Liewensfreed – d’Adler-Filial zu Féiz feiert dëse Gebuertsdag e Samsdeg 30.10. mat hire Clienten. Jiddereen, deen dann an d’Geschäft kënnt, ka fir seng Remise um neien Hierscht-Wanter-Outfit spillen! Mat e bësse Chance kritt Dir bis zu 30 Prozent op Ärem Liblings-Kleederstéck oder och nach en Akafsbong am Wäert vun 150 €.

Op knapp 4.000m2 Verkafsfläch stinn nieft den eegene Marke vun Adler och nach Shop-in-the-shops vu Cecil, Street One, Gerry Weber, Fuchs & Schmitt, RABE a Frank Walder zur Auswiel. Net nëmme moudesch Frae, mee och Häre fanne beim Adler eng villsäiteg Offer. A passend zur kuscheleger Joreszäit fannt Dir och elo déi passend Bestseller am fonkelneien Adler-Bichersortiment.

Den Traditiounsbetrib Adler huet jo méi wéi 130 Filialen an Däitschland, Eisterräich, Lëtzebuerg an an der Schwäiz, grad esou wéi en Online-Shop mat Moud mat engem optimale Präis-Leeschtungs-Verhältnis. Mat der gratis Clientskaart kritt ee fir all Euro, deen ee keeft, dräi Punkte, mat deenen ee scho beim nächste Kaf ka bezuelen.

A wéi géif d’Birgit Schrowange sou schéin op Lëtzebuergesch soen: „Adler – alles passt¨“ a mir wënschen dem Adler zu Féiz, dass dat och nach fir déi nächst 40 Joer gëllt!

adler.lu

Back to Top
CIM LOGO