Vum 6. bis den 23. November„8 Jours Exceptionnels“ bei Roche Bobois

IPL
Entdeckt d'Kollektioun BOMBOM vun der portugisescher Artistin Joana Vasconcelos

06/11/2020 Business News

Bei Roche Bobois erwaarden Iech „8 Jours Exceptionnels“. Profitéiert vum 6. bis den 23. November vun aussergewéinlech reduzéiert Präisser op all hire Kollektiounen : op de Salonen am Lieder an am Stoff, op hire klengen a grousse Miwwelen, den Dekoratiounsaccessoiren…

D’„8 Jours Exceptionnels“ sinn déi ideal Geleeënheet fir d’Diversitéit an d’Creativitéit vun de Roche Bobois-Collectioune kennen ze léieren an Är Bannendekoratioun opzefrëschen! An anengems entdeckt Dir och hir nei Kollektion BOMBOM. Fir déi 60 Joer vun der Marque ze feieren, huet Roche Bobois déi renomméiert portugisesch Artistin Joana Vasconcelos gefrot, fir eng Design-Linn vu Fotelle, Kannapeeën an Accessoiren ze entwéckelen. Dat ass einfach déi Collectioun vum Joer : verspillt, gurmangseg an optimistesch ! Déi musst Dir einfach an hirem Showroom zu Bartreng entdecken.

De Showroom vu Roche Bobois ass duerfir och déi nächst 2 Sonndeger den 8. a 15. November nomëttes vun 14.00 bis 18.00 fir Iech op.

roche-bobois.com

Back to Top
CIM LOGO