Vinothéik an Epicerie Fine "Amuse-Bouche" am Zolwereck

Fir d'Feierdeeg ginn d'Corbeillen och geliwwert
D’Philosophie vun Amuse-Bouche ass, fir mat ville klenge Produzente mat vill Famillgentraditioun zesummen ze schaffen.
D’Offer mat iwwer 1000 Artikele geet hei vum Olivenueleg iwwer de Schokela bis zu den Nuddele mat de passenden Zosen.
Dir kënnt Iech also am Geschäft mat Ärem Akafskuerf Är Wonschcorbeille op Moos zesummestellen, esou wéi se deem schmaacht, deem Dir se wëllt schenken!
Dir hutt och e Choix vun iwwer 100 Appellatiounen am Wäin, Schampes an Digestiffen,
haaptsächlech aus Frankräich an Italien an och exklusiv:
d’Wäiner an de Cremant vum Charles Decker vu Schengen.
"Amuse-Bouche" huet och e Shop-in-the-shop vun der “Boucherie bei der Bréck” vun Déifferdeng, wou Dir all Är Platen, Plateauen, Raclette a Fondue fir d’Feierdeeg kritt, an Zesummenaarbecht mat der Bäckerei-Patisserie Berto vun Déifferdeng.
"Amuse-Bouche – Vins et Epicerie Fine" – am Akafszenter Zolwereck zu Zolwer, op
an op Facebook.
Si liwweren och Corbeille fir d’Feierdeeg. Frot no de Konditiounen am Geschäft!
An dëse Freideg 1.12. hu si eng flott Soirée, op där Dir d’Spezialitéite fir d’Feierdeeg kënnt schmaachen an d’Kaddoen an d’Corbeillen kënnt eraussichen!