"Ech hunn déi Aussoe vum Gérard Schockmel net gutt fonnt"
E Méindeg de Moie war d'parlamentaresch Rentrée Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Ech hunn déi Aussoen net gutt fonnt". Dat sot den CSV-Fraktiounspresident zu dem Lieserbréif leschte Samschdeg am Wort vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel, dee sech op eng ganz däitlech anti-feministesch Aart a Weis dogéint ausgeschwat huet, dass d'Recht op Ofdreiwung soll an d'Verfassung stoe kommen. Hie schwätzt och vun enger "systematescher Diskriminéierung vum Mann", vu "gewaltsamer Promotioun" vu Fraen op héije Posten oder nach vum "Diktat vum Feminismus". De Marc Spautz stellt sech hanner d'Ministesch fir d'Egalitéit tëscht de Geschlechter Yuriko Backes, déi nach eng Kéier ënnerstrach huet, dass Feminismus net géint Männer wier, mee dass de Feminismus soll fir Mënscherechter antrieden, fir Männer, fir Fraen a fir d'Communautéit LGBTIQ+. Et wier gutt, dass si de Message nach eemol gemaach hätt.
Besser bilateral am Sozialdialog, wéi eng Politik vun den eidele Still
Wann den nächste Sonndeg Wale wieren, da géing d'CSV 4 Sëtz verléieren. Et soll een natierlech Sondagen net iwwerbewäerten. Schonn an der Vergaangenheet hätt d'CSV e schlechte Score vu just 17 Sëtz an de Sondagë gemaach an dunn awer 21 Sëtz an de Walen ofgeraumt. Mee eng Erklärung fir dëst Resultat wier sécherlech den Zäitpunkt vum Sondage, sou wéi de Premier Frieden et och scho gesot hat. D'Leit wiere gefrot ginn, direkt no den Diskussioune ronderëm d'Pensiounsreform. Och d'Ofdreiwung war dunn e Sujet an dat wier bei traditionellen CSV-Wieler natierlech ëmmer ee kriteschen Ament.
Fir de Marc Spautz ass et awer och wichteg, de Message, deen d'Bevëlkerung duerch d'Sondagen ausdréckt, net z'ignoréieren. Et misst een aneschters no bausse kommunizéieren, fir d'Vertraue vum Wieler erëm ze kréien, mee och vun de Sozialpartner. Mat de Gewerkschafte géing een elo a bilaterale Gespréicher versichen, nees Vertrauen opzebauen. Enn des Mounts géing den Aarbechtsminister sech mat de Gewerkschafte gesinn. Op d'Fro, ob dat net awer eng Faillite-Erklärung wier, wann ee bilateral weiderschafft well et zu dräi einfach net geet, sot de Marc Spautz, et wier besser zu zwee weiderzemaachen, wéi eng Politik vun den eidele Still ze bedreiwen.
59 Milliounen Euro méi: Enn vum Sträit mat der AMMD en Vue?
Dëse Méindeg ass och déi traditionell Hierscht-Gesondheets-Quadripartitte. Och do gëtt et Onzefriddenheet vun den Doktere mat der Santésministesch Deprez. D'lescht Woch huet d'AMMD ugekënnegt, fir d'Konventioun mat der CNS ze kënnegen. De Marc Spautz denkt awer, dass op der Quadripartitte vläicht scho Léisungen op den Dësch kommen. Schonn d'lescht Woch hat d'Martine Deprez an der Chamberkommissioun annoncéiert, dass d'Participatioun vum Staat bei der CNS op 59 Milliounen Euro soll an d'Luucht goen. Domat géing ee finanzielle Spillraum entstoen. Donieft kéint och vun 2027 un eng Erhéijung vun de Cotisatioune kommen. Vum 1. November u kritt d'CNS och en neie President. Dee kéint e frësche Wand mat neien Iddien an neie Methode matbréngen, esou de Marc Spautz.
"Blutt-Noutwenneg" endlech de Vollzäit-Deputéierten ze schafen
Den CSV-Fraktiounschef Spautz ass och kloer fir de Vollzäit-Deputéierten. Déi Méiglechkeet misst ee schafen, well den Aarbechtspensum einfach ze grouss wier. Lëtzebuerg wier nach eent vun de wéinege Länner an der EU, wann net souguer dat lescht, wou et nach een Hallefdaagsparlament gëtt fir Leit aus dem Privatsecteur. Sou wéi bei all Gemeng mat iwwer 6.000 Awunner e Vollzäit-Buergermeeschter am Asaz ass, sou bräicht een och eng Chamber mat 60 Vollzäit-Deputéierten. Wann eng Persoun dat net wéilt, misst natierlech weiderhin d'Méiglechkeet bestoen, fir dat net ze maachen.
Fir de Vollzäit-Deputéierte misst een de Congé politique vun 20 op 40 Stonne fir d'Deputéiert eropsetzen. Dat wier "blutt-noutwenneg" fir endlech kënne vu méindes bis freides ze schafen. Dat wier am Interêt vun der Politik.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.