Am Präis ass, ausser dem Bensin, alles abegraff!

Bâloise Assurances Luxembourg S.A. an ALD Automotive Luxembourg hu sech associéiert an hunn elo eng privat Leasingoffer lancéiert. Déi heescht „SimplyDrive by Bâloise“. Aplaz en Auto ze kafen, kenne Privatleit elo hiren neien Draamauto ganz einfach leasen. Am Präis ass, ausser dem Bensin, alles abegraff: z.B. den Entretien, d'Assurance, d'Taxen, d'Summer- a Wanterpneu'en grad esou wéi hire Gardiennage, d'Assistance routière, den Dépannage oder och den Ersatzauto. De Client muss sech em näischt këmmeren. Hien entscheed sech entweder fir en Auto vu sengem Choix oder e profitéiert vun enger vun de Promotiounen déi „SimplyDrive by Bâloise“ ubitt, wéi z.b. e Fiat 500 1.2. Mirror, den ee schon fir 319 € de Mount kritt! Weider Informatiounen fannt Dir op www.simplydrive.lu.

Business RTL 9.2.2018