D'FEMAL organiséiert d'semaine de la machine agricole
Maacht déi bescht Affaire bei hiren 12 Memberen!
Nach bis dëse Samschteg de 29 Oktober ass d’Semaine de la machine agricole vun der FEMAL, der Férération des Entreprises du Machinisme Agricole et Industriel vu Lëtzebuerg.
D’Femal gouf 1971 gegrënnt a vertrëtt déi berufflech Interesse vu senge Memberen op nationalem an internationalem Niveau. Doriwwer eraus ass d‘Femal och um gesetzlech a politesche Niveau, sou wéi och an der Formatioun aktiv.
D’Femal organiséiert och veschidden Events an Initiativen. Do dozou gehéieren och d’Semaine de la Machine Agricole, déi nach bis samschtes de 29.10.2022 leeft, awer och de Marché de l’occasion pour Machine Agricole.
Natierlech sinn d’Femal Betriber och all Joer op der Foire Agricole zu Ettelbréck ze fannen wou d’Visiteuren déi performant Maschinne bestaune kënnen. Gitt och op www.femal.lu.