De 29. Oktober ass de Weltdag vum Hiereschlag
BLETZ Asbl. klärt Iech iwwert den Hireschlag op
Reagéiert direkt richteg, well all Minutt zielt.
26/10/2022 Business
E Samsteg de 29. Oktober ass de Weltdag vum Hiereschlag, an an dem Kader klärt d’ASBL BLETZ iwwer d’Symptomer vum Hiereschlag op. En Hiereschlag kann ze soe jiddereen treffen, an hei ass et da wichteg wann d’Leit déi dobäi sinn dat matzäiten erkennen a richteg handelen.
D’Symptomer vum Hiereschlag sinn datt:
- d’Laachen asymmetresch ass,
- beim Hiewe vun den Äerm een erof fält,
- d’Sprooch komesch ass.
Wann een dës Symptomer bei engem erkennt soll ee séier den 112 uruffen an direkt all déi wichteg Informatioune weiderginn.
All d’Informatiounen zum Weltdag vum Hireschlag e Samsteg de 29.10.2022 fannt dir och op bletz.lu.
Am meeschte gelies