27. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg
Ënnert dem Motto “Vum wuessen a Wuerzele schloen“
E Samsdeg 19. an e Sonndeg 20. November sinn nees d’Walfer Bicherdeeg. Déi 27. Editioun steet ënnert dem Motto “Vum wuessen a Wuerzele schloen“ an de roude Fuedem vun de Bicherdeeg sinn dann och d’Beem, déi an eiser Natur an an der Literatur zanter jeehier eng wichteg Roll spillen.
Déi zwee Deeg presentéieren déi Lëtzebuerger Editeuren an Auteuren hier neiste Wierker, um Occasiounsmaart kann ee rar Schätz entdecken an d’Kanner kënne bei „Books for kids“ am Centre Prince Henri an eng Erliefneswelt no där anerer andauchen. Donieft erwaarden Iech d‘“Walfer Sessions“ am Kader vun der Auteursresidenz mam Nora Wagener an Antoine Pohu op enger neier baussenzeger Bün mat Lampionen, Blieder a Mulch – eng eemoleg Bëschathmosphär.
Weider Highlighte sinn d’Performance vum Yorick Schmit mam Sébastian Thiltges, eng zeenesch Liesung aus dem Reenert, Fotosausstellungen, eng Schülerzeitung, en neie Café littéraire an der Hal 2, de bibliobus, de Bicherbus an natierlech d’RTL-Dictée an 3 Sprooche fir déi een sech elo scho kann umellen op dictee@rtl.lu.