Grousse Choix un Elektroautoen

D’Garage Binsfeld zu Schëffleng an zu Nidderkuer bitt iech ee grousse Choix un Elektroautoen un.

Den neie Kia Xceed mat allméiglechen techneschen Neiegkeeten. Dir kritt en am Bensinner, Diesel, Mild-Hybrid a Plug-in Hybrid.  Da gëtt et hei awer och ee weidere Modell vu Kia: déi zweet Generatioun vum Niro, mat engem verbesserte Fuerwierk an dat och 100% elektresch.

Nieft Kia fannt Dir hei awer och déi ganz Gamm vu Mazda. Sou och de neie Mazda CX-60 Plugin Hybrid mat 327 Päerd. Deen eng elektresch Autonomie vu 70 Kilometer huet an an annerhallwer Stonn voll opgeluede ka ginn.

Iwwerzeegt Iech selwer a luusst beim Garage Binsfeld zu Schëffleng oder zu Nidderkuer laanscht a kuckt elo schonn op garage-binsfeld.lu

09/11/2022 Business