Entdeckt d'Wunnen op der Cloche d'Or.

D’Cloche d'Or entwéckelt sech fir seng Awunner als e richtegen urbane Quartier, wou et gemittlech ass ze liewen, ze schaffen, ze konsuméieren a sech z'entspanen.

Samschdes, den 19. November vun 11.00 bis 17.00 Auer kënnt Dir den Quartier Weierbach entdecken, deen dësen New Urban Living verkierpert: eng vun den neien aussergewéinleche Residenzen mécht Iech ausnamsweis seng Dieren op!

Dir kënnt Appartementer entdecken déi amgaang si fäerdeggestallt ze ginn: E Studio, En Wunneng mat enger Schlofkummer an dräi Schlofkummeren.

Dës Logementer hunn all qualitativ Finitiounen an ee komplette Smart Home Sytem deen dat ganzt Appartement geréiert.

D'Agencen Axento, Impakt an Nextfloor erlaben, Iech dat Quartiersliewen am Häerz vun der Cloche d'Or, an der direkter Géigend vum ekologesche Gank an dem Gaasperecher Park méi no ze bréngen.

Fir d'Mëttegiessen a Gedrénks ass gesuergt an d'Kanner ginn invitéiert fir sech op d'Haus vun hiren Dreem ze projezéieren!

Rendez-vous um 34, Boulevard de Kockelscheuer den 19. November vun 11.00 bis 17.00 Auer.

Mellt Iech un op www.clochedor.lu/event!

16/11/2022 Business