Kommt mat de Wënzer an d’Gespréich a loosst Iech hir Wäiner a Cremanten erklären

RTL-Business 18.11.2022

Fir all déi, déi frou mam Wäin a Cremant sinn an déi, déi et wëlle ginn: do ginn et gläich 2 Eventer.

Den Optakt mécht vum Freideg 18.11. bis e Sonndeg 20.11. d‘“Fête des Vins & Crémants“ am groussen Zelt um Glacis, wou dir d’Villfalt vun der Lëtzebuerger Musel mat hire Produkter a Produzenten nees kënnt entdecken. Kommt dëse Weekend mat de Wënzer an d’Gespréich a loosst Iech hir Wäiner a Cremanten erklären a wa se iech schmaache, kënnt dir se natierlech och direkt op der Plaz bestellen. D’Ticketen fir d‘“Fête des Vins et Crémants“ kritt ee fir 15 € online op www.luxembourg-ticket.lu oder an der Oweskeess fir 20 € mam Glas fir ze prouwen. Den Detail fannt Dir op www.vins-cremants.lu.

A well d’Gedrénks jo och mat der Gastronomie bestuet ass, sinn och net manner wéi 40 Wënzer op der Expogast vum 26. bis den 30. November an der Luxexpo. An der Hal 8 kënnt Dir do op Entdeckungsrees goen an e gudde Pättche bei nationalen an internationale kulinareschen Delikatesse genéissen. Tickete fir all Dag ginn et hei op www.expogast.lu