Iwwer 500 Händler mat méi wéi 420.000 Produiten a mega Promotiounen!

RTL-Business 18.11.2022

E Freideg 25.11. ass „Black Friday“ a bei Letzshop ass de „Black Friday Month“ schonn am Gaang. Op Letzshop bidden Iech elo schonn iwwer 500 Händler méi wéi 420.000 Produiten un an dorënner sinn den Ament och mega Promotiounen am Kader vum Black Friday, zum Beispill och op Televisiounen, wann dir de Fussball nach besser wëllt kucken.

Op där éischter nationaler Online-Plattform kann ee jo ganz praktesch kafen a bequem heem liwwere loossen. Op Letzshop sinn eng Hellewull u Kaddosiddien an och déi ganz praktesch Letzshop-Kaddosbongen, déi een do ka kafen a verschenken. Déi kann een a ville Geschäfter aléisen an natierlech och online. A fir all déi Geschäftsleit, déi hir Produkter och nach fir d’Enn vum Joer op letzshop.lu wëlle verkafen: surft einfach op join.letzshop.lu!

An denkt drun, och fir d‘Feierdeeg: Mat Letzshop ënnerstëtzt Dir de Lëtzebuerger Handel an d’Sue bleiwen heiheem!