Zesummegestallt vun den Dokteren an dem Fleegepersonal vun den „Hôpitaux Robert Schuman“

RTL-Business 18.11.2022

Bis nächsten Dënschdeg 22.11. ass d’Ausstellung „Wou deet et wéi?“ an der Belle Etoile. Genee wéi am Podcast an an de Reportagen op RTL Radio an Telé Lëtzebuerg an op RTL.LU geet et hei och ëm den technologesche Fortschrëtt vun der Medezin, zesumme mat den Hôpitaux Robert Schuman.

An der Belle Etoile, an der Galerie vum Hobby, si medezinesch Geräter an Zäitdokumenter ausgestallt. Beim Dréi vun der Televisiounsserie vun den éischten zwou Staffelen koum och d’Iddi fir aus deenen Themen e Buch mam selwechten Numm ze maachen, wat elo an den Editions Ernster erauskomm ass.

D’Wéi vum ganze Projet „Wou deet et wéi?“ stoung iwwregens am alen Zitha-Gebai. Beim Plënneren an dat neit Gebai goufen an de Katakombe vum Spidol op der Gare eng ganz Rëtsch historesch Geräter fonnt, déi engem haut immens bosseg virkommen. Wat gouf deemools mat deene gemaach? Duerch wat goufen se ersat? Wéi gëtt haut behandelt? Wat bréngt d‘Zukunft? D’Dréibuch vun der Televisiounsserie war fäerdeg.

Ausgestallt a beschriwwe ginn Instrumenter an Dokumenter aus enger ganzer Serie vu medezinesche Fachgebidder, vun der Anästhesie bis zur Urologie iwwer d‘Diabetologie bis zur Ophtalmologie a villes méi. Alles dat gouf vun den Dokteren an dem Fleegepersonal vun den „Hôpitaux Robert Schuman“ zesummegestallt.