Advents- a Wanterzäit Stëmmung

De Musée de l'Ardoise ass dee ganze Wanter iwwer op mat senger fuschneier Grouf op 42 m Déift.

Dëse Weekend, de 25. a 26. November ass zousätzlech och nees Chrëschtmaart. Am Spalthaus vun de fréiere Schifergrouwen a ronderëm de Bopebistro schmeechele vill Stänn a musikalesch Ensembelen der Advents- a Wanterzäit.

De Chrëschtmaart, organiséiert vun de Frënn vun der Lee, der Gemeng Rammerech an dem Musée de l'Ardoise, ass Freides owes vu 7 bis 11 op a Samschdes vu 5 bis 11.

Wärend dem Chrëschtmaart, sinn Descenten duerch déi nei ënnerierdesch och owes méiglech.

Denkt awer drun ze reservéieren an egal wéi ee Puer fest Schong unzedoen.

Den Entrée op de Site ass fräi.

Infos op ardoise.lu an op der Facebooksäit.

23/11/2022 Business